Ball Race 2019

3. Editioun vum Ball Race an der Sir zu Mutfert

Sportfëscherveräin D’Routa Mutfert-Méideng a.s.b.l. spent 500 € un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner

No der 50 Joer Feier am Joer 2013 an der grousser Finale vum Télévie am Joer 2016, huet den Sportfëscherveräin D’Routa Mutfert-Méideng a.s.b.l. e Sonndeg, den 28. Juli 2019 déi 3. Editioun vun hirem Ball Race organiséiert. Schonn am Virfeld gouf ugekënnegt, dass en Deel vum Erléis un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner soll goen.

An 3 Qualifikatiounen, enger Hallef-Finale an enger Finale, sinn bei der aaler Schoul zu Mutfert eng ronn 400 numeréiert Bäll an d’Course gaangen an d’Spectateuren hunn hinnen laanscht d’Sir Daimercher gedréckt an der Hoffnung dass een vun hiren Bäll bei der Sir Bréck vun der Haaptstrooss als éischten iwwer d‘Arrivée geet. Déi meescht Lousen vun den Bäll goufen schonn Wochen am viraus vun den Memberen vum Veräin ënnert d’Leit bruecht, dat huet awer net verhënnert, dass den Dag selwer nach vill Bäll bis kuerz virum Départ verkaaft goufen.

Fir Iessen, Gedrénks an den Amusement vun den Kanner hat den Veräin natierlech beschtens gesuergt. Och d’Fondatioun Kriibskrank Kanner war op der Platz mat engem Stand vertrueden. Mee virun allem den Stand mat den selwer gereecherten Forellen hat groussen Undrang fonnt.

Déi 3 Podiumsplaatzen sinn um Enn souguer an der Gemeng bliwwen.

Den 1. Präis, eng Busrees vun 2 Deeg fir 2 Persounen op Stuttgart offréiert vun Voyages Emile Weber vu Kanech, ass bei d’Famill Romain Basch op Konter gaangen:


Den 2. Präis, 6 Fläschen Crémant vun Caves Schumacher-Lethal vu Wuermer, sinn op Éiter bei den Xavier Schmit gaangen:


An den 3. Präis, eng Corbeille vum Beiefritz vun Mutfert, huet den Henri Sauber vun Mutfert gewonnen.

E groussen Merci geet virun allem un d’Personal vum Service Technique vun der Gemeng Conter, déi an den Wochen virdrun d’Sir gebotzt, d’Beem geschnidden an den Parcours opgeriicht hunn. Ouni hier Hëllef wier dës Manifestatioun nët méiglech gewiescht.

Op hirem traditionellen Scampisowend, den 28. September 2019 am Centre Culturel zu Mutfert, huet den Fëscherclub vun der Geleeënheet profitéiert, fir der Fondatioun Kriibskrank Kanner en Schéck vun 500 € ze iwwerreechen. D’Fondatioun huet als Merci dem Veräin hiert Maskottchen “Poldi” iwwerreecht.